Bestëmmung fonnt!

Déi Lëtzebuergesch-Italieenesch Dirigentin Camilla Rossetti dirigéiert hir éischt Produktioun zu Lëtzebuerg.

Lëtzebuergesch-Italienesch Dirigentin (Photo: 2023) | © Alice Coutant

Nom Lycée huet d’Camilla Rossetti fir d’éischt Mathematik an England studéiert. Réischt duerno huet si dann zu Paräis hir Carrière als Cheffe d’Orchestre ugefaang. Den 10.Mäerz dirigéiert si hir éischt Produktioun zu Lëtzebuerg, an dat am Cape zu Ettelbréck. Um Programm steet d’Oper Don Pasquale vum Donizetti.

Hir alleréischt musikalesch Erfarungen huet déi Lëtzebuergesch-Italieenesch Dirigentin hei zu Lëtzebuerg am Stater Conservatoire gemaach. De Christophe Mirkes huet nogefrot, wat hir dovun am meeschten an Erënnerung bliwwen ass.

Source www.opus.radio