Archives de catégorie : 2015

Barbara Frittoli: De jonke Sänger fehlt d’Bescheidenheet

image00

Article paru sur http://www.100komma7.lu/emissions/2015/11/03/barbara-frittoli-bescheidenheet/

D’Associatioun “Nei Stëmmen” organiséiert regelméisseg Meeschtercourse fir jonk Sänger a Sängerinnen aus aller Welt, déi vu renomméierte Kënschtler geleet ginn. Dës Kéier ass et déi italienesch Sopranistin Barbara Frittoli, Member vum Ensemble vun der Wiener Staatsoper, déi d’Nowuesstalenter betreit. De Guy Engels huet sech mat der Barbara Frittoli ënnerhalen.

 

An der Musekschoul “ArcA” zu Bartreng héiert een den Ament virun allem Dammestëmmen. Och bei den Aschreiwunge sinn d’Männer däitlech an der Minoritéit. Fir d’Barbara Frittoli ass dat keng Iwwerraschung, d’Männer géifen natierlech éischter bei ee Bariton oder een Tenor studéiere goen. Geübt gi just Operen, ëmmerhinn sollen d’Studente vun den Erfahrunge profitéieren, déi hir Prof als Member vum Ensemble vun der Wiener Staatsoper a regelméissege Gaascht op aneren internationale Bühne gemaach huet.

D’Participanten un de Meeschtercourse vun „Nei Stëmmen“ komme scho mat enger quasi ofgeschlossener Ausbildung. Deen een oder aneren huet emol schonn e bësse berufflech Erfahrung gesammelt. D’Barbara Frittoli geet duerfir an hire Coursë manner op déi reng technesch Aspekter vum Sangen an, op Froe vun der Haltung oder der Ootmung. Et gëtt an éischter Linn un der Interpretatioun geschafft, un der Präsenz op der Bühn an um Verkierpere vun enger Roll. Fir d’Barbara Frittoli ass et besonnesch wichteg, d’Bedeitung vun de Wieder richteg ze betounen.

D’Tugende vum Gesang-Studium

Bei de Coursë maache jonk Sänger mat, déi nach hiert Fach sichen an de Charakter vun hirer Stëmm entdecken. Heiansdo muss ee Sänger dann nach an enger aner Richtung orientéiert ginn. Zwee Sätz vun enger Arie ginn der Barabara Frittoli duer, fir ze héieren ob eng Stëmm bei d’Musek passt, ob se dee richtege Charakter, dee richtege Klang huet.

D’Museksgeschäft dréint haut immens séier. Carrièrë gi schëtzeg gemaach, sinn awer och grad esou séier nees um Enn. Do hunn jonk Sänger wéineg Zäit sech ze entwéckelen. Trotzdem réit déi italienesch Sängerin, fir sech Zäit ze huele fir ze studéieren. An et misst ee bescheide bleiwen – “eng Eegeschaft, déi haut besonnesch feelt. Jonk Sänger mengen oft, si wéisste schonn alles.”

Eng gedëlleg, mee wibbeleg Sängerin

Si selwer wier gedëlleg a bescheiden gewiescht, seet d’Barabara Frittoli. Mee och an hirer Ausbildung gouf et eng Ëm-Orientéierung, well si ugangs léiwer wollt Pianistin ginn. Allerdéngs war si net gutt genuch um Instrument, “well ech musikalesch Iddien an der Kopp hat, déi ech net ëmgesat krut. Enges Daags krut ech geroden, um Conservatoire virzesangen. Ech wollt net – an elo sinn ech hei.”

Vun den Dirigenten a Regisseuren erwaart d’Sängerin, datt se wësse mat wéi enger Stëmm se et ze dinn hunn an sech dorobber aloossen: “Ech sangen am Ablack a ‘Simone Boccanegra’. De Regisseur hat fir eng viregt Produktioun vun der Verdi-Oper eng roueg Sopranistin, wat net mäi Fall ass. Ech bougéiere gären op der Bühn.”

Nom Ofschlossconcert vun dëse Meeschtercoursen de 4. November am Stater Conservatoire geet et fir d’Sopranistin weider op d’MET op New York fir d’Bohème a kuerz drop “I Pagliacci”.

 

Barbara_Frittoli_De_jonke_Sänger_fehlt_d’Bescheidenheet_Aktuell_-_2015-11-09_10.48.01

Article de Passaparola.info concernant le concert de gala Nei Stemmen de la masterclass de Barbara Frittoli 2015 à Luxembourg

Article en italien de http://www.passaparola.info

http://www.passaparola.info/2015/11/05/nei-stemmen-conservatorio-conte/

Nei Stëmmen 2015: una serata di grandi emozioni

 frittoli

Una serata di grandi emozioni quella di ieri sera al Conservatorio di Merl. Le ugole talentuose dell’Accademia Nei Stëmmen hanno dato il meglio di sé, presentando al pubblico attento e caloroso, un repertorio lirico ricco e svariato. Si è partiti con l’aria “ Caro Nome “ del “Rigoletto” di Verdi, per passare ad arie altrettanto note, tratte dalle opere di Bellini, Puccini, Mozart e Bizet.

La Nei Stemmen asbl, per chi ancora non la conoscesse, promuove dal 2008 la cultura del bel canto a Lussemburgo sotto la direzione artistica di Luisa Partridge-Mauro. Offre quindi una grande opportunità alle giovani promesse del canto lirico ma anche ai musicisti, provenienti da conservatori di mezzo mondo, di poter perfezionare la loro tecnica vocale e pianistica. Basti pensare che dal 2009 sono stati accolti nell’Accademia più di 264 giovani artisti di 28 nazionalità differenti.

Ieri sera abbiamo avuto un saggio della loro bravura. Si sono alternati sul palco Colette Lam (Hong Kong), Sarah Tisba (Italia), Anne-Marie Sheridan (Irlanda), Woosang Kim ( Corea del Sud), Julia Kovrigina- Famba (Russia), Jessie Tse (Hong Kong/UK), Pauline Claes (Belgio), Ivette Ortiz (Costa Rica), Héloise Koempgen-Bramy (Francia), Adrien Barbieri (Belgio), Laura Telly-Cambier (Belgio), accompagnati musicalmente da due eccellenti pianisti italiani: Diego Mingolla e Tommaso Turchetta.

Da brividi è stata l’ interpretazione della belga Pauline Claes dell’aria Parto, Parto tratta da “ La clemenza di Tito” di Mozart e, davvero magistrale è stata la francese Héloise Koempgen-Bramy che ci ha regalato una splendida versione dell’aria pucciniana Si, mi chiamano Mimì tratta dalla Bohéme.

Non da meno è stato la messa in scena dell’aria Quanto amore! Ed io spietata de “l’Elisir d’amore” di Donizzetti eseguita da Adrien Barbieri, Ivette Ortiz, Sarah Tisba.

In una serata speciale come questa non poteva mancare la partecipazione di una grande esponente della lirica italiana: il soprano Barbara Frittoli (nella foto).

FRITTOLI

Nota in Italia come in tutto il mondo, la Frittoli ha aperto la seconda parte della spettacolo interpretando La mamma morta di Giordano ( tratto da Andrea Chénier). Prossima sua esibizione sarà la Bohème nel ruolo di Mimì al Metropolitan Opera di New York nella primavera del 2016.

raffaella

Una nota artistica: i bellissimi quadri di scena erano di Raffaella Zenoni, l’artista le cui opere hanno decorato la cena de il Don Giovanni allestita, lo scorso anno, da Nei Stëmmen.

 

 Amelia Conte